Eis beschte Wënsch fir e gutt a virun allem gesond neit Joer fir all eis Clienten, Fournisseuren, Mataarbechter an all déi, déi eis ënnerstëtzen.
Haut emol méi e laange Post, well mir wollte kuerz mat Iech op dat lescht Joer zeréck kucken an anengems no vir.
Fir d’éischt emol hu mir déi grouss Chance zanter iwwer 6 Joer eng immens trei Clientèle ze hunn. Ouni si wiere mir elo net do, wou mir sinn! Zumools wou dest Joer vill vun eise Confrèren hu missen ophalen a mir leide mat hinnen!
Wéi vill kleng Betriber si mir och vun alle Säite wirtschaftlech a logistesch ënner Drock. D’Matières premières ginn ëmmer méi rar, doduerch méi deier a méi schwéier erbäi ze kréien. Op där anerer Säit hu mir déi Erausfuerderung ugeholl: mir hunn nei an talentéiert Fournisseuren an eist Sortiment geholl, eise Stock méi grouss gemaach fir och d’Firmen nach besser kënnen ze zervéieren, mir hunn eis digital Presenz mat enger neier Internetsäit verbessert a si regelméisseg present an de soziale Medien (e grousse Merci fir Är Likes!).
Mir hunn och ganz vill an eis Logistik investéiert a liwweren, zum Deel och selwer, uechter d’ganzt Land. Den Ament präparéiere mir grad d’Zukunft mat engem neie Keessen- a Gestiounssystem.
Last but not least, hu mir eng nei Mataarbechterin, déi eis mat hirem Laache vill Energie a gutt Laun matbruecht huet.
Mir sinn also gutt opgestallt fir och weider fir Iech do ze sinn, ënner dem Virsaz: kleng, reng an exklusiv zu Lëtzebuerg!
E schéint neit Joer bei beschter Gesondheet fir Iech all a passt op Iech op!
…a verwinnt Iech an all déi, déi Dir gär hutt!!
Maggy, Tiana, Dehbia et Camille